|
|
Beetebuerg beweegt sech
|
Retour
|
D’Gemeng Beetebuerg, an Zesummenaarbecht a mat der Ënnerstëtzung vum Département ministériel des Sports, hat den 1. Oktober 2006 e Pilotprojet „Beetebuerg beweegt sech“ lancéiert, deen als Ziel huet: -
méi Leit zu méi Beweegung a regelméissegem Sport ze bréngen an d‘Gesondheet ze förderen -
eng „Sportkultur“ an der Gemeng ze entwéckelen -
eng beweegungs- a sportfrëndlech Gemengelandschaft ze entwéckelen -
de Veräinssport ze stäerken an duerch aner Offeren ze vervollstännegen Et ginn hei all Alterskategorien ugeschwat an e besonnesche Schwéierpunkt op Kanner a Jugendlecher geluegt. Jidderee kritt Mutt gemaach, sech sengen Interessi a Méiglechkeeten no regelméisseg ze beweegen a soumat kierperlech a sportlech aktiv ze sinn. Kee soll ausgeschloss sinn. „Beetebuerg beweegt sech a.s.b.l.“ huet e flotte Programm, deen aus gréisseren Organisatiounen iwwert d‘Joër verdeelt besteet, mee awer och aus regelméissegen Offeren gezielt fir Jonk an Al (mat oder ouni Encadrement). D‘Aktivitéiten vu „Beetebuerg beweegt sech“ fannt Dir op eiser Homepage Speziell Offere fir Kanner a Jugendlecher, an Zesummenaarbecht mat der Schoul an de Sportsveräiner, wéi de Schnuppersport an d’Beweegungsschoul Regelméisseg Offere fir Erwuessener wéi: 2 mol d‘Woch Nordic Walking-Treff Coursen: YOGA, QI GONG, GYM DOUCE Och ginn et am Kader vum Projet Méiglechkeeten, fir an der fräier Natur aktiv a sportlech ze sinn, wéi, z.B. 4 nei Strecken vun 6-12km fir Nordic Walking oder Jogging am:
Grâce à une convention avec l'Ecole de musique de Dudelange, les habitants de la commune de Bettembourg ont droit aux tarifs pour "résidents et conventionnés".
Pour de plus amples informations, veuillez consulter le site de l'Ecole de musique de Dudelange.
|